www.niessen.lu) kann op eng räich Geschicht..." />
Luxembourg logo
Niessen_Logo

D’FLTT as frou mat Niessen Boucherie & Traiteur ee neie Partner ze annoncéieren a mir fréen eis op déi gutt Zesummenaarbecht.

 

Niessen Boucherie & Traiteur (www.niessen.lu) kann op eng räich Geschicht zréckkucken; bis 1982, wou d'Maria an den Alfred Niessen de Grondstee fir den haitege Familljebetrib geluecht hunn an eng Metzlerei zu Ëlwen opgemaach hunn. Eréischt 2006 hunn hir Jongen, de Patrick a Jean-Marie Niessen, de Betrib iwwerholl an sech zur Aufgab gemaach de Familljebetirb weider auszebauen. Als éischt hu si eng professionell Traiteursactivitéit zousätzlech zur Metzlerei opgebaut an hunn domat en neie Standard fir Qualitéit a Kreativitéit an hirem Secteur gesat. Si hunn sech net op hirem Erfolleg ausgerout an d'Geschäft weider ausgebaut andeems se zwou zousätzlech Metzlerei'en opgemaach hunn. Ënner hirer Leedung ass Niessen zu engem vun de Leader an hirem Secteur gewuess, bekannt fir traditionell Wäerter an innovativ Servicer ze kombinéieren.

 

Niessen bitt haut eng breet Pallette u qualitativ héichwäerteg Produiten a personaliséierte Servicer un, vun dräi Metzlereien zu Ëlwen, Bartreng an um Belair bis zu engem éischtklassegen Traiteur-Service. Zesumme mat hire Mataarbechter deele si sech déi selwecht Valeur'en an d'Léift vun de gudde Produit'en souwéi d'Leidenschaft fir Exzellenz.

Retour au listing