Luxembourg logo
fltt logo

No den Ukënnegunge vun der Regierung a Saachen nei 'Corona-'Moosnamen, huet de Comité-Directeur sech concertéiert an déi heiten Décisioune geholl, wat de Spillplang vun dësem Weekend ugeet:

 

  1. d'Matcher vun der NAT-1 ('BDO TT League') a vun der NAT-2 gi wéi geplangt gespillt, also mar Samschdeg (24.10.), mee OUNI ZUSCHAUER
  2. d'Matcher vun der 1/8-Finale vun der Coupe de Luxembourg 'Seniors' gi wéi geplangt gespillt, also e Sonndeg (25.10.) de Mëtteg, mee OUNI ZUSCHAUER
  3. all aner Matcher, déi fir dëse Weekend an de Championnater 'Cadets' a 'Seniors' um Spillplang stinn ginn ofgesot
  4. wéi et nom Spilldag vun dësem Weekend weidergeet gëtt dann decidéiert, wann déi nei gesetzlech Corona-Bestëmmunge bis bekannt sinn
Retour au listing